Den éischte Schouldag

Den éischte Schouldag

Fir vill Kanner geet di nächst Woch d’Schoul erëm un. Dëst ass ëmmer e ganz speziellen Dag am Joer. Fir di eng Kanner ass et fir d’éischt an hirem jonke Liewen, dass se iwwerhaapt an d’Schoul ginn, fir di aner ass et schonn e bekannte Programm, an awer ass och fir déi de Schoulufank mat enger gewësse Spannung verbonnen.

Verschidde Kanner huelen dat ganz geloossen, anerer sinn virun all Schoulufank zimmlech gestresst.

Bachbléien kënnen de Kanner immens vill hëllefen fir dës, dach eigentlech schéin Zäit, mi geloossen, mat Freed an Zouversiicht ze erliewen. 

Ech zielen hei emol puer Bachbléien op, di bei ganz ville Kanner elo a Fro kommen.

MIMULUS

Dat ass d’Bachbléi vun de bestëmmten Ängschten (di e benenne kann) an der Scheiheet. Bestëmmten Ängschten sinn zum Beispill Angscht virun neie Situatiounen, Angscht fir eleng eppes ze maachen, Angscht fir viru Leit ze schwätzen. Scheiheet weist sech bei klenge Kanner oft doduerch dass se sech hannert der Mamm verstoppen, kräischen wann se ugeschwat ginn, net äntwerte wëllen oder ganz lues schwätzen, mi grouss Kanner ginn eventuell rout am Gesiicht.

LARCH

Dat ass d’Bléi vum Selbstvertrauen. Fir Kanner di schonn am Virfeld mengen si kéinten eppes net, et wär ze schwéier fir si, di denken di aner wäre besser wéi si, si géife net eens ginn. Des Bléi ass oft, awer net ëmmer, gekoppelt u Mimulus.

WALNUT

Fir déi Kanner di fir d’alleréischt an hirem Liewen an d’Schoul ginn, kann des Bachbléi ganz wäertvoll sinn, zemools wann se sech schwéier mat Verännerungen an hirem Liewen dinn an doduerch schnell aus dem Gläichgewiicht sinn (zB bei der Bomi schlofen, an d’Vakanz goen…). Walnut gëtt dene Kanner wéi eng Zort Schutzwall, dat heescht dass si och an engem neien Ëmfeld an hirer Mëtt bleiwen. Sou wéi de Nëssert (Nossbam), vun dem déi Bléi kënnt, och e gewëssen Perimeter ronderëm sech fräi muss loossen fir ze gedeien. Déi Kanner si meeschtens ganz sensibel a saugen alles ronderëm sech op (Energien).

CENTAURY

Fir déi Kanner di net genuch fir sech selwer astinn, sech net gutt wiere kënnen an ze vill am Déngscht vun deenen aneren liewen. Si sinn ganz serviabel an hunn et schwéier sech duerchzesetzen well se di aner net verletze wëllen. Et si gutthäerzeg a matfillend Kanner, di alles maachen fir dass di Leit ronderëm si frou sinn. Mat dëser Bléi ginn hinnen hir eege Bedürfnisser méi bewosst an si kënnen och emol spontan „nee“ soen wann et net passt fir si. Hir Perséinlechkeet gëtt duerch des Bachbléi gestäerkt an si riskéiren net mi su liicht ausgenotzt ze ginn.

 

Et ginn nach aner Bachbléien di a Fro kéinte kommen, all Kand ass anescht an d’Kombinatioun vu Gefiller a Verhalensweisen, di bei engem Kand kënnen aus dem Gläichgewiicht sinn, ass natierlech zimmlech grouss. 

 

Mä eent ass ganz wichteg: dir kënnt näischt falsch maachen. Wann äert Kand Angscht huet fir an d’Schoul ze goen, da maacht him emol eng Mëschung aus Mimulus a Larch, dat hëlleft him sécher schonn.

 

Hei e Link zu menger Beschreiwung wéi der d'Bachbléien virbereden an anhuele kënnt.

 

Wann dir léiwer mat ärem Kand a meng Praxis kommt fir eng mi personnaliséiert Mëschung zesummegesat ze kréien, di spezifesch op äert Kand zougeschneidert ass, da géif ech mech iwwer ären Uruf oder eng Email freeën. 

Wann dir ze weit ewech wunnt oder zu de Praxisstonnen net gutt kënnt kommen, da kënne mir och gären e Gespréich op ZOOM oder Skype organiséieren, och ausserhalb vun de normalen Praxiszäiten.