WORKSHOP "FIT FOR SCHOOL"

Dëse Workshop riicht sech un all interesséiert Leit, di Kanner oder Teenager hunn oder mat Kanner a Jugendlechen schaffen an all aner Leit di sech fir dat Thema interesséieren. 

 

Den Inhalt vun dësem Workshop:

- Wat sinn Bachbléien?

- Typesch Kanner- a Jugendthemen respektiv Problemer wi z.B. Mobbing, Léierproblemer, Verhalensstéierungen, 

   psychosomatesch Beschwerden (z.B. Bauchwéi wéinst Schoulstress), Ängschten, Konzentratiounsproblemer, nei 

   Schoul, nei Klass...

- Wou kritt een d'Bachbléien ze kafen, wéi gi Mëschungen hirgestallt, wéi a wéi laang gi se ageholl?

- Wéi kënne mir Elteren oder Erzéier ons selwer hëllefen am Emgang mat Kanner a Jugendlechen?

- Alles wat spontan am Workshop opkënnt wat Dir gäre wësse wéilt.

- Jidereen kann sech nom Workshop eng Mëschung machen fir mat heem.

 

Ech kann Iech hei scho verroden dass Bachbléien kleng a grouss Wonner bewierke kënnen, dass se absolut onbedenklech sinn, mat all aner Therapie kompatibel. Et kann een net ofhängeg vu Bachbléie ginn a si sinn 100% natierlech. A virun allem: Et kann een näischt falsch machen!!

Bachbléien ersetzen awer net de Wee bei den Dokter, zB bei kierperleche Symptomer wi Kapp-oder Bauchwéi, oder bei déifgreifenden Entwécklungsstéierungen. Mä och do ass et wichteg ze soën dass Bachbléien all aner Therapie wonnerbar ennerstëtze kënnen.

Et muss e keng "Stéierung" hunn fir vu Bachbléien ze profitéieren. Si ënnerstëtzen ons op onsem Wee zu engem emotional ausgeglachene Mënsch ze ginn, de selbstbestëmmend an am Respekt duerch d'Liewe geet. 

Datumer:

Samschdes den 31. August 2019 vun 09h00 bis 12h30 (mat enger klenger Paus)

oder

Méindes den 9. September 2019 vun 18h00 bis 21h30

 

De Seminär gëtt op lëtzebuergesch gehal, mat Skript op däitsch.                

Präiss: 60€ als definitiv Umëldung ze iwwerweisen op de Konto LU92 0024 3100 3516 3500

Adresse: Am "Institut fir Psychologesch Gesondheetsförderung IPG", 5, beim Schlass L-8058 Bertrange 1. Stack

Umëldung: Per SMS oder Whatsapp op den 621 180 805 oder per Email op folgend Adresse: info@bachflowers.eu, mat Ärem Numm an Ärer Handysnummer a mam Datum wéini Dir komme wëllt.

 

Allgemeng Konditiounen:

de Workshop fënnt bei enger Mindestbedeelegung vu 4 Persoune statt. Sollt e Workshop net duerchgefouert kënne ginn, ginn d'Käschten rembourséiert. All Annulatioun vum Workshop muss spéitstens bis 2 Wochen virdrunn per SMS oder Email eragereecht ginn, soss sinn 50% vun de Käschten ze bezuelen. Am Fall vun engem Récktrëtt an der leschter Woch virum Workshop, sinn 100% vun de Käschten ze bezuelen.